Celebrate Josy BARTHEL


07 July 2022

De 26. Juli 2022 sinn et 70 Joer hier, datt de Lëtzebuerger Sport eng vu senge gréissten Erfolleger erlieft huet.

De 26. Juli 1952, am spéiden Nomëtteg, ass de Josy Barthel zu Helsinki am Olympiastadion an der Finall iwwer 1500m als Éischten iwwer d’Arrivée gelaf an huet déi bis dato eenzeg Goldmedail am Sport op olympesche Spiller fir Lëtzebuerg gewonnen.

Fir un dës Stärestonn z’erënneren, organiséiert de Sportsministère, zesumme mat der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun, en Owend zu dësem Sujet, ganz nom Motto "Celebrate Josy Barthel".
 
Programme – Volet sportif
19h00 4x100m H (sélections nationales)
19h05 4x100m F (sélections nationales)
19h15 Relais 1500m (300m – 400m – 400m – 400m) – Série 1 (Tout public, à partir de 9 ans)
19h30 Relais 1500m (300m – 400m – 400m – 400m) – Série 2 (Tout public, à partir de 9 ans)
19h45 Relais 1500m VIP (300m – 400m – 400m – 400m)
20h00 4x100m H (sélections nationales)
20h05 4x100m F (sélections nationales)
20h10 Course Mémorial 1500m
20h25 Relais 4x1500m H
 
Eng Course "Mémorial" 1.500m, mat der Participatioun vun eisem Olympia Finalist Charel Grethen. Dës Course wäert als Aart Critérium gelaf ginn, wou d’Zäit keng Roll spillt, mee dofir de Spaass an den Hommage un de Josy Barthel am Mëttelpunkt stinn. Startschoss heifir ass um 20h00.

E VIP-Staffellaf iwwer d’Distanze vun 300m-400m-400m-400m wou déi verschidde Staffele probéieren sou no wéi méiglech un d’Gewënnerzäit vum Josy Barthel (3.45.2) erunzekommen. Natierlech stinn de Spaass an den Hommage un de Josy Barthel am Mëttelpunkt. Startschoss heifir ass um 19h45.


Zousätzlech fannt dir eis Ausstellung an de Raimlechkeete vum Institut national des sports (INS) :
26.7 ab 19:00 Auer
vum 27.7. bis den 12.8. (Méindes bis Fréides) vun 10.00 – 17.00 Auer

Wëllt Dir en 300m-400m-400m-400m Relais lafen? Registréiert Iech um folgende Link 
https://forms.gle/28rekQPcKLz7PAri8

Dir kënnt Iech als ganzt Team aschreiwen (vergiesst net en Numm un ze gin) oder als Eenzelpersoun (a mir wäerten äer Equipe mat aneren Individuels komplett machen)
Frist fir d'Aschreiwungen: Sonndeg 24. Juli Mëtternuecht.
Aschreiwungen op der Plaz gin op Basis vun den disponiblen Plazen ugeholl.