D’Lëtzebuerger Liichtathletik trauert ëm hieren laangjäregen Comitésmember, Juge a Frënd,


26 January 2024

de Pit Biver

 

De Pit huet iwwer bal 50 Joër d’Lëtzebuerger Liichtathletikwelt begleed, sief dat als Athlet, a séngem Veräin dem CAD, als Juge, als Uspriechpartner fir Stroosseleef, als Responsablen vum Chrono. 

Nët zuläscht ass et och mat dem Pit säi Verdéngscht gewiecht, dass eisen internationale Meeting an der Coque haut um Niveau Bronze vun der World Indoor Tour stattfanne kann. Et war hien deen ëmmer dorunner gegleewt huet an deen eis déi richteg Leit op Lëtzebuerg bruecht huet fir deem Ziel méi no ze kommen. 

 

De Pit war um Punkt fir aus der Vakanz heemzekommen fir wéi all Joër och dëst Joër erëm kënnen beim CMCM-Indoor Meeting  derbäi ze sinn. Leider sollt et déi éischt Editioun ouni hien sinn. 

 

Mir sinn immens traureg, dass de Pit nët méi bei eis ass. Säin plötzlechen Doud hannerléist e grousst Lach an der Lëtzebuerger Liichtathletiksfamill. Mir wäerten hien ëmmer an Erënnerung behalen als een hëllefsbereeden an engagéierten Frënd, deen ëmmer do war, wann éierens Hëllef gebraucht ginn ass. 

 

Äddi Pit, du wäerts eis feelen.